„Avex“ ass d’Ofkierzung vun „Aventuren“ an „ Explorer“, dat si Jugendlecher am Alter vun 11 a 14 Joer.
Bei de Käler Scoute kënne mer eis net esou richteg un dëse Branchennumm gewinnen, a nennen dësen Altersgrupp duerfir weiderhin „Explorer“.
D’Explorer treffen sech eemol d’Woch fir un hiren Expeditiounen ze schaffen. Esou eng Expeditioun leeft zu engem bestëmmten Thema, dat sech iwwert 4 – 6 Wochen zitt. Déi typesch Scoutstechniken, wei Konstruktioune bauen, Orientatioun, Feier maachen oder um Feier kachen, stinn dobäi am Virdergronn.
Frei no der Devise „ASK THE BOY“ vum Baden Powell, ass d’Bedeelegung vun deene Jonke bei der Gestaltung vun den Aktivitéiten bei den Explorer eng vu grousser Wäertegkeet. Sou ass et un den Explorer Ideeë matzebréngen, zesummen ofstëmen an zesummen decidéiere wat gemaach gëtt. Fir dëst ëmgesat ze kréie funktionéieren d’Explorer a Patrullen (klenge Grupp), mat Patrullechef a Patrullesecond. De Scout leiert esou matdiskutéieren, am Grupp mat aneren zesummen ze schaffen an no an noVerantwortung fir anerer z’iwwerhuelen.
Um Enn vun all Scoutsjoer steet de grousse Summercamp um Programm. Dëse leeft iwwert 9 bis 10 Nuechten am Zelt, och oft am Ausland.
Versammlungen
Samschdes vun 14:00 – 16:00 Auer beim Scoutschalet