Wëllef

Bei de Wëllefcher baséiert d‘Method op d‘Dschungelbuch vum Rudyard Kipling. Dëst huet de B.P erausgesicht, well et eng Sammlung vun Geschichten ass, déi em déi selbstverständlech Frëndschaft tëschent Mënsch an Natur dréit.

Wéi de Mowgli, sin och d‘Wëllefcher, immens virwëtzeg, wëlle gäre bäiléiren, experimentéiren, fuerschen. Mee oft ass de Wee zum Erwuessegin net einfach, an esou gin si bei de Wëllefcher geléiert lues a lues selwer Verantwortung ze iwwerhuelen, an dat bei vill Spill a Spaass.

D‘Wëllefcher treffen sech zu Käl all samschde Mëtten, vun 14:00 – 16:00 Auer, fir zesummen am Grupp, oder der Sizainen, flott Spiller an Aktivitéiten ze erliewen.

Während engem Wëllefcherjoër gin niewent den reegelméissegen Versammlungen, och gréisser Aktivitéiten, wéi Weekender, Nuetssortien, e Rally oder Visiten organiséiert. Den absoluten Héichpunkt ass dann de Summercamp vun 7 Nuechten.

Versammlungen

Samschdes vun 14:00 – 16:00 Auer

Kontakt